agissons ensemble

Wee si mir ?

FAPEL (Dachverband vun de Lëtzebuerger Elternvereenigungen) as am 07.05.1974 mat de Numm FAPEEPP gegrëndet.

Ab den 30.03.2000 as eng Zesummenarbescht mat FAPEEPP (01.07.1975) realiséiert gin, ënner de Numm CONFAPEL, spéider FAPEL.

FAPEL vertritt die Grond- a Sekundärschoulen.

  • Die Elterekomitees
  • Die Eltereveerenigungen
  • Die Eltern vu SchülerInnen
FAPEL - Logo

D’Roll vun der FAPEL :

D’FAPEL setzt sech fir d’legal Unerkennung vun den Elteren als legitime Partner vun de Schoulen an dem Schoulsystem zu Lëtzebuerg an.

D’FAPEL plädéiert fir d’Unerkennung vun den Elterestrukture vun der politescher Klass an der Gesellschaft als vital Kräfte vun der Natioun.